US-MilitärAacht Doudeger bei Attacken op presuméiert Drogebooter

Tom Nols
De Südkommando vum US-Militär huet, eegenen Aussoen no, fënnef Booter attackéiert, déi sollen Drogen transportéiert hunn.
Loftbiller vun den Ugrëffer op presuméiert Drogeschmuggler
Loftbiller vun den Ugrëffer op presuméiert Drogeschmuggler
© HANDOUT/AFP

Bei Attacken op presuméiert Drogebooter an internationale Gewässer sinn aacht Persounen ëm d’Liewe komm. De Südkommando vum US-amerikanesche Militär huet op X matgedeelt, dass si en Dënschdeg an e Mëttwoch zwee Ugrëffer duerchgefouert hätten.

En Dënschde wieren dräi Drogebooter, déi am Konvoi ënnerwee waren, an d’Viséier geholl ginn. Dobäi wieren u Bord vum éischte Boot dräi “Narco-Terroristen” ëm d’Liewe komm. Bei zwou weideren Attacken wieren zwee weider Schëffer ugegraff a fënnef Leit erschoss ginn. A béide Fäll gëtt d’Militär net genee un, wou et zu dësen Asätz komm ass.

Zanter September gräift dat amerikanescht Militär ëmmer rëm Booter vu presuméierte Schmuggler am Ostpazifik an an der Karibik un. Dobäi goufen entretemps op d’mannst 115 Persounen ëmbruecht. Kritiker geheie Washington vir, dës Ugrëffer wiere géint d’Vëlkerrecht an eng Aart ëffentlech Exekutiounen.

Mexikaneschen Drogeboss festgeholl ginn

Iwwerdeems hunn déi mexikanesch Autoritéiten en Drogeboss vum Sinaloa-Kartell kënne festhuelen, dee vun den USA gesicht gëtt. De Pedro Inzunza Noriega gëtt beschëllegt, fir de Schmuggel vu grousse Quantitéiten Drogen an d’Vereenegt Staate responsabel ze sinn. Am November war dem Noriega säi Bouf, dee grad esou wéi säi Papp gesicht war, bei engem Asaz vun den Autoritéiten ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO