3 Doudesaffer zanter e SonndegAn der spuenescher Regioun Andalusien ginn et nees uerg Iwwerschwemmungen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 100 Liter Reen um Meterkaree ware plazeweis bannent just e puer Stonne gefall.
A Spuenien koum et duerch de ville Reen nees zu Iwwerschwemmungen
Zanter e Sonndeg wieren 3 Persounen ëm d’Liewe komm, heescht et vun den Autoritéiten.

Massive Reen huet derzou gefouert, dass eenzel Dierfer meterhéich ënner Waasser stinn a Bullislawinen ausgeléist goufen. D’Autoritéite schwätze bis ewell vun 3 Doudesaffer zanter e Sonndeg.

Westlech vu Malaga war eng Camionnette mat ewechgespullt ginn. Weder de Chauffeur, nach eng weider Persoun an der Fuererkabinn hunn iwwerlieft.

Op der Costa del Sol war iwwert de Weekend déi héchste Warnstuf ausgeléist ginn. Iwwer 100 Liter Reen um Meterkaree waren bannent just e puer Stonne gefall.

Back to Top
CIM LOGO