
Duerch en Arrêté dierfen d’Apdikten zanter Ufank Juli an nach bis den 30. Oktober Corona-Schnelltester ubidden. Et sinn serologesch Tester, déi bis ewell just an de Laboratoiren oder Spideeler hunn dierfe gemaach ginn.
De franséische Gesondheetsministère huet eng Lëscht eraus gi mat 51 autoriséierten Tester vun där Zort. Beim Test geet et drëms, erauszefannen, ob d’Persoun Antikierper géint de Coronavirus opgebaut huet. D’Tester ginn allerdéngs net rembourséiert a kaschten tëscht 15 a 35€, jee no der Apdikt, déi e mécht. Den Apdikter kann der getester Persoun donieft e Certificat ausfëlle mam Datum an dem Resultat vum Test.
