GriichelandAthen vu Stëbswolleke bedeckt

RTL Lëtzebuerg
Doduerch, dat renge Sand vun der Sahara-Wüüst iwwer d'Mëttelmier geblose gëtt, ass d'Loft an der Haaptstad verschmotzt.
© AFP/Angelos TZORTZINIS

Leschten Donneschden huet eng gro-brong Stëbsdecken den Himmel iwwer de Mënsche vun Athen verdeckt. De Chef vum griichesche Wiederdéngscht Theodoros Kolydas huet erkläert, dat renge Sand vun der Sahara-Wüüst iwwer d’Mëttelmier a Griicheland geblose gëtt. Dat Phenomen iwwert der griichescher Haaptstad gëtt vun den ongewinnt héijen Temperaturen am Fréijoer tëschent Abrëll a Mee verstäerkt.

De Mëttwoch goufen am Zentrum vun Athen déi héchste Mäerz-Temperaturen zanter 2009 gemooss, wärend et méi südlech a Griicheland bei der Insel Kreta esouguer 32 Grad Celsius waren.

Longendokteren hunn Asthmatiker an aneren empfindleche Mënsche recommandéiert, wéinst der héijer Loftverschmotzung onnéideg Sortien a Sport dobaussen ze evitéieren. Nieft de Stëbspartikele ginn et an der Loft och nach Pollen a Bakterien, déi eng héichgëfteg Mëschung fir d’Otemweeër sinn.

Wëssenschaftler no dréit de Klimawandel zu engem weltwäiten Zouwuess an enger Intensivéierung vun Wiederextreemer wéi Canicullen an Dréchente bäi.

De griichesche Wiederdéngscht rechent domadder, dat d’Stëbsdecken iwwer Athen de Freiden eriwwer ass.

Back to Top
CIM LOGO