
Op Silvester ass am US-Bundesstaat North Carolina en 18 Joer alen Amerikaner festgeholl ginn, dee geplangt hat, mat Hummer a Messer arméiert am Numm vum IS en Attentat duerchzeféieren. Hie sëtzt aktuell an Untersuchungshaft a soll de 7. Januar gehéiert ginn. Him gëtt virgehäit, hien hätt sech Material beschaaft, fir eng “terroristesch Organisatioun” z’ënnerstëtzen.
Undercover-Agente vum FBI hate sech als Membere vum IS ausginn an hien an eng Fal gelackelt. De Beschëllegten hat seng Allianz mat der Organisatioun confirméiert, an dass hien op Silvester an engem Liewensmëttelgeschäft an an engem Fastfood-Restaurant, mat Messer an Hummer arméiert, “Jihad” wéilt begoen. A sengem Viséier solle Judden, Chrëschten a Membere vun der LGBTQ-Community gewiescht sinn.
Den 18 Joer ale Mann, dee mental Problemer soll hunn, war den Autoritéiten zanter 2022 bekannt, a war deemools nach mannerjäreg. Schonn do hat hien iwwer Sozial Medie Kontakt mat engem Member vum IS, sou d’Autoritéiten. Zu enger Uklo war et awer net komm, de Mann hat deemools psychologesch Betreiung kritt. Nodeems Versich, op en Neits de Kontakt mat den Terroristen ze sichen, bemierkt gi waren, war hie ronderëm d’Auer observéiert ginn.