
Den Jon Fosse gouf domat Nofollger vun der Schrëftstellerin Annie Ernaux, déi 2022 mam Literaturnobelpräis geéiert gouf.
Wéi déi schweedesch Akademie schreift, wier de 64 Joer ale Fosse wéinst “sengen innovative Stécker a Prosa”, déi deem, wat net geschwat ka ginn, “eng Stëmm ginn” ausgezeechent ginn.
De Jon Fosse gëtt dacks verglach mam Samuel Beckett. Zu senge bekannte Stécker gehéiert Boathouse a Melancholy I an II aus de spéiden 80er an 90er Joren.
Dëst Joer ware bei de Favoritten déi russesch Kreml-Kritikerin Ljudmila Ulizkaja an de britteschen Auteur Salman Rushdie.
De Präis ass mat 11 Millioune Schweedesche Krounen dotéiert.
E Freideg gëtt de Friddensnobelpräis annoncéiert.