Nodeems et e Freideg am Süde vu Mexiko zu engem Äerdbiewe komm ass, hunn d’Autoritéiten elo den Doud vun enger 50 Joer aler Fra an engem 67 Joer ale Mann confirméiert. D’Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 6,5 op der Richterskala huet d’Stad San Marcos un der Pazifescher Küst am Stäerkste getraff, ma d’Biewe war och an der Haaptstad Mexiko City däitlech ze spieren, an dat och wärend der mexikanescher Presidentin Sheinbaum hirem éischte Pressebriefing vum Joer, deen huet missten ënnerbrach ginn.