
Wéi de Gesondheetsministère aus der Provënz Feuerland an Argentinien e Méindeg matgedeelt huet, waren déi 61 Persounen ier se fortgefuer sinn alleguer negativ getest ginn. Dono waren se 14 Deeg laang an engem Hotel zu Ushuaia a Quarantän.
D’Schëff huet dunn allerdéngs no 35 Deeg missen zréck an den Hafen, well e puer vun de Leit u Bord ugefaangen hunn, typesch Corona-Symptomer z’entwéckelen. No neien Tester huet de Gesondheetsministère du confirméiert, datt 57 vun den 61 Leit positiv wieren.
Am Ministère deet ee sech allerdéngs schwéier ze verstoen, wéi d’Infektioune konnte geschéien, wann ee bedenkt, datt se 35 Deeg laang kee Kontakt zum Festland haten. Eng Ekipp géif elo dru schaffen, fir d’Infektiounsketten zréck ze retracéieren.
Eng Inkubatiounszäit vun där Dauer ass der Chef-Infektiologin am Spidol an Argentinien no bis ewell nach a kenger Etüd genannt ginn.
