
Weider goufen och vill Haiser zerstéiert oder et kann een net méi dra wunnen, dat mellt d’Zeitung “Kathimerini”. E Mëttwoch am Laf vum Dag soll an der Géigend vun der Stad Larissa e Lager fir 1.300 Betraffener opgoen. Déi 900 Migranten, déi virdrun do gelieft hunn, goufen op aner Opfanglager am Land verdeelt.
Op ville Plazen an der Regioun suergen ausserdeem vill Kadaver vun Déiere fir Gesondheetsrisiken. Bis en Dënschdeg wieren d’Kadaver vu 15.000 Schof, Geessen a Kéi agesammelt a verbrannt ginn, esou griichesch Medien.
Déi wichtegst Autobunn am Land tëscht de Metropolen Athen an Thessaloniki war e Mëttwoch nach op Plazen iwwerschwemmt an se ass an der Géigend vun der Stad Larissa nach gespaart. Och d’Zuchverbindung gouf wéinst grousse Schied um Schinnennetz agestallt. Bei der Bunn rechent ee mat Reparaturkäschte vun 160 Milliounen Euro.