JoresréckbléckBal véier Joer Krich an der Ukrain

Petz Bartz
Kyiv steet weider an der Defensiv géint en iwwerdimensionale Géigner, dee keng Bereetschaft weist, de Konflikt bäizeleeën ze wëllen.
Joresréckbléck: Bal 4 Joer Krich an der Ukrain
Kyiv steet weider an der Defensiv géint en iwwerdimensionale Géigner, dee keng Bereetschaft weist, de Konflikt bäizeleeën ze wëllen.

Am Februar 2022 hat de Krich an der Ukrain mat der russescher Invasioun ugefaangen. An och haut, bal véier Joer duerno, steet Kyiv weiderhin an der Defensiv géint en iwwerdimensionale Géigner, dee keng Bereetschaft weist, de Konflikt bäizeleeën. Mam Retour vum Donald Trump un d’Muecht zu Washington hunn d’USA och wéi erwaart hir militäresch Hëllef zeréckgeschrauft. Et läit ëmmer méi Gewiicht op de Schëllere vun Europa.

Den Ukrain-Krich ass deen déidlechste Konflikt an Europa zanter dem Zweete Weltkrich. Och mat alle Verhandlungen ass d’Ukrain awer Ausgang dëses Joers nach wäit ewech vun engem Fridden oder och nëmmen enger Wafferou. De Kreml schéngt an der Haaptsaach fixéiert op den Donbass am Oste vum Land, an déi russesch Offensiv kënnt do och virun an hat Erfolleg, zum Beispill zu Pokrovsk an zu Kupiansk.

Der Ukrain geléngen awer och weiderhi wichteg Géigenattacken, zum Deel déif a russeschem Territoire. An ugangs des Joers esouguer och nach mat US-amerikanesche Rakéiten, déi aus de Liwwerunge vum President Biden koumen.

Mam Donald Trump gëtt déi US-amerikanesch Aussepolitik erëm, wéi erwaart, ganz erratesch, ouni déi etabléiert Loyalitéiten. D’NATO-Allianz verléiert u Relevanz a Washington wierkt ëmmer méi wéi en Alliéierte vu Moskau. Dem Donald Trump säin enkste Krees huet Europa gréisstendeels fale gelooss. Dass dat och fir d’Ukrain gëllt, gouf bei enger Visitt vum ukrainesche President Zelenskyi am Wäissen Haus zu Washington däitlech.

Den Intressi vu Washington läit manner bei engem Fridden, duerfir éischter bei de seelenen Äerden. Och dat gouf op eemol oppen en Thema beim Ukrainkrich 2025. Bei den éischten direkte Verhandlungen zanter dem Ufank vum Krich kënnt näischt eraus, ausser dass ee sech eens gouf op en Austausch vu Prisonéier. Op Truth Social gi virun allem emol grouss Stécker op sech selwer gehalen. Hannendru verstoppt sech allerdéngs eng phenomenal falsch Aschätzung vun den eegene Kompetenzen, an da gëtt gemotzt.

Der Ukrain geléngt dann dëst Joer awer och déi massiivsten Attack op Russland zanter dem Ufank vum Krich. Mat Drone gräift Kyiv zäitgläich véier Militärflughäfen un an zerstéiert méi wéi 40 strateegesch Kampffliger.

E Sommet an Alaska gëtt zur Farce. Dräi Stonne fir d’Kameraen a fir den Image, ouni ukrainesch Presenz, an ouni Resultat. Quasi en US-amerikaneschen Ausverkaf vun der Ukrain u Russland, dat mëttlerweil ee Fënneftel vum ukraineschen Territoire kontrolléiert. Schonn e puer Méint virdrun hat d’Wäisst Haus déi perfekt Kuliss vum Vatikan fir Friddensgespréicher genotzt. Och doraus ass näischt Gréisseres entstanen, ausser Biller, déi Washington gäre géif a Geschichtsbicher gesinn.

Wann d’Attacken op Zivilisten wéinstens géifen ofhuelen, wieren déi Reuniounen net esou ëmsoss, mee d’Leed gëtt vu Mount zu Mount verlängert. Déi russesch Offensiv leeft.
D’Zécke vun den USA bei der Finanzéierung vun der Regierung zu Kyiv, an en Europa, dat net capabel ass d’USA finanziell a militäresch komplett z’ersetzen, si fir d’Ukrain déi nei, batter Realitéit, och wann een heiansdo Trouscht fënnt doran, dass d’Attacken op illegal russesch Pëtrolstanker am Schwaarze Mier dem Kreml grousse Schued maachen.

Enn des Joers kommen dann d’USA elo mat engem 28-Punkte-Plang fir de Fridden an der Ukrain. De Plang ass quasi vum Kreml geschriwwen, well en an de grousse Linnen exakt de Fuerderunge vu Moskau nokënnt. Aktuell ass en elo schonn op en 20-Punkte-Plang verwässert an Europa ass et gelongen, sech erëm an d’Schlichtung vun engem Konflikt anzebréngen, deen de Kontinent direkt eppes ugeet.

Mee och mam Verzicht op d’Aussiicht vun engem NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain – déi bis ewell gréisste Konzessioun – krut Kyiv nach ëmmer keng definitiv Zouso fir noutwenneg Sécherheetsgarantien.

An der Nuecht op e Samschdeg goufe Kyiv an aner Deeler vun der Ukrain op e Neits mat ronn 500 Dronen a 40 russesche Rakéiten attackéiert. De Stroumreseau gouf getraff an Ziviliste ware viséiert. E Sonndeg ginn déi diplomatesch Gespréicher a Florida an déi nächst Ronn. Dem President Zelenskyi no geet et drëms wien – am Fall vun enger Wafferou – wéi een Territoire wäert kontrolléieren.

Back to Top
CIM LOGO