1 Test pro WochBayresche Ministerpresident wëll Test-Flicht fir Frontalieren aféieren

RTL Lëtzebuerg
A Bayern sollen d'Corona-Reegelen an Zukunft verschäerft ginn, fir d'Situatioun nees ënner Kontroll ze kréien.

A Gemengen, an deenen den Inzidenzwäert däitlech iwwerschratt gëtt, gëllen ënnert anerem an der Gastronomie méi streng Corona-Reegelen. Dem Söder no soll elo eng weider Moossnam d’Verbreedung vum Coronavirus andämmen. Beruffspendler, déi aus engem Corona-Hotspot kommen, solle sech nämlech ee Mol an der Woch engem Test ënnerzéien.

Dat gëllt fir déijéineg, déi sech bannent de leschte 14 Deeg virun der Arees an engem Risikogebitt opgehalen hunn. Wien also an Däitschland schafft an an Éisträich oder Tschechien wunnt, muss deemno 1 Mol an der Woch en negativen Test virweise kënnen, huet de bayresche Ministerpresident am Landtag zu München annoncéiert. Europawäit zielt Tschechien nämlech déi meeschten Infektioune pro 100.000 Awunner. D’Bundeslänner Tirol a Vorarlberg goufen och vum Robert Koch-Institut als Risikogebitt aklasséiert.

“Eist Zil ass et, dass d’Grenzen oppe bleiwen (...) Wien d’Grenzen oploosse wëll, dee muss awer fir méi Sécherheet suergen”, huet de Söder betount.

Back to Top
CIM LOGO