Andy BurnhamOppe fir éierlech Diskussioun iwwer brittesch Zukunft mat Europa

RTL Lëtzebuerg
De brittesche Premier ass fir e fräit Zirkuléieren tëscht der EU a Groussbritannien a wënscht sech eng entspriechend Diskussioun.
Den Andy Burnham no enger Ried, déi hien den 29. Juni zu Manchester gehalen huet.
Den Andy Burnham geet optimistesch an d'Gespréicher mat der EU.
© TOBY SHEPHEARD/AFP

De brittesche Premier Andy Burnham huet sech oppe gewisen, fir d‘Reegele vun der fräier Zirkulatioun mat der Europäescher Unioun an Zukunft erëm anzeféieren. An engem Artikel an der Sunday Times erkläert den neie Regierungschef, datt Groussbritannien eng éierlech Diskussioun misst doriwwer féieren, wéi d‘Immigratioun sech zanter dem Brexit entwéckelt huet. Dës war jo ee vun den Haaptgrënn, firwat vill Britten deemools dofir gestëmmt haten, d‘EU ze verloossen.

De Burnham huet sech engagéiert, verschidde Modeller auszeschaffen, déi rëm méi eng enk Zesummenaarbecht mat Europa sollen erméiglechen. E Sommet tëscht der EU a Groussbritannien am November gëtt mat Spannung erwaart. Hien hofft, Accorden ze fannen an de Beräicher vun der Alimentatioun, dem Gedrénks, der Mobilitéit vun de Jonken an den Ofgasemissiounen.

De brittesche Premier schléisst net aus, dass säi Land rëm eng Kéier wéilt der Europäescher Gemeinschaft bäitrieden.

Back to Top
CIM LOGO