
Wéi d’Zeitung “Le Parisien” e Mëttwoch den Owend gemellt huet, hätt et virun enger Woch eng gréisser Razzia bei der lokaler Police judiciare ginn. Am Raum steet e Korruptiounsverdacht géint eng sëllege Beamten, déi u sech derfir zoustänneg wieren, d’Drogegeschäfter opzedecken.
Am Sträit vu Banden, déi sech beim Handel vu Cannabis a Kokain rivaliséieren, sinn d’leschte Joer zu Marseille ganzer 49 Leit ëmbruecht ginn. Dacks goufe se op oppener Strooss erschoss. Vill vun hinne waren och Onbedeelegter, déi just zur falscher Zäit op der falscher Plaz waren.
Den Inneminister Gérald Darmanin wëll méi vehement géint d’Machenschafte virgoen an och de President Emmanuel Macron hat bei enger Visitt am Mäerz annoncéiert, eng groussugeluechten Aktioun géint d’Drogebanden ze lancéieren. Zanterhier goufen op ville Plazen uechter Frankräich schonn Honnerte Verdächteger festgeholl.