
De Gesondheetsminister Xavier Becerra huet e Freideg erkläert, de Sujet hätt fir vill Opmierksamkeet gesuergt a vill Reaktioune provozéiert. Et wier kloer, dass nach méi Gespréicher misste gefouert ginn, wat nach vill Zäit an Usproch wäert huelen, esou de Becerra.
An den USA fëmme virun allem Afroamerikaner Mentholzigaretten, wouduerch d’Kritik opkoum, dass e Verbuet virun allem si géif treffen. En Vue vun de Presidentschaftswalen am November gouf spekuléiert, e Verbuet kéint déi Wielerschaft vergraulen.
An den USA stierwen der FDA no all Joer ronn 480.000 Mënschen un de Suitte vum Tubakskonsum.