Keng Sprengsätz fonntFalsch Bommemenacë géint zéng Fligeren op Flich an Europa

AFP, iwwersat vun RTL
Op en Neits gouf et Bommemenacë géint Fligeren, déi sech als falsch erausgestallt hunn.
Rund zehn Flugzeuge auf innereuropäischen Verbindungen sind am Dienstag Ziel von falschen Bombendrohungen geworden. Betroffen waren nach Behördenangaben unter anderem vier Maschinen des Billigfliegers Ryanair.
Zéng Fligere goufen Zil vu falsche Bommemenacen.
© AFP

En Dënschdeg goufen zéng Fligeren op Strecke bannent Europa Zil vu falsche Bommemenacen. Betraff waren den Autoritéiten no ënnert anerem véier Maschinne vu Ryanair. All d'Fligere konnte sécher landen an et goufe keng Sprengsätz fonnt. De Passagéier an der Crew ass näischt geschitt.

Genee betraff waren d'Ryanair-Flich vu Manchester op Murcia a Spuenien, vu Lissabon op Roum, vun Dublin op Roum a vun Dublin op Sofia. De Fliger um Wee vun Dublin op Roum war vun der italieenescher Loftwaff eskortéiert ginn, heescht et vun engem Spriecher vum Bedreiwer vum Fluchhafen an der italieenescher Haaptstad.

Donieft wier ee Fliger vun der Fluchgesellschaft Wizz Air, dee vu Bergamo op Sofia geflunn ass, no der Landung iwwerpréift, mellt de bulgareschen Inneministère.

Donieft hätt et zwou Menacë géint Fligere mat Destinatioun Warschau ginn. Dorënner ee Fliger aus Kopenhagen vun der Airline SAS an eng Maschinn aus London-Heathrow vu LOT. Um Fluchhafe Warschau-Chopin gouf eng Landepist gespaart, wärend den SAS-Fliger kontrolléiert gouf. De LOT-Fluch gouf op de Fluchhafe Warschau-Modlin deviéiert, deen temporär zougemaach gouf.

Déi brittesch Police huet der Noriichtenagence AFP géigeniwwer vu "Menacë" géint véier Fligere geschwat, déi zu London-Heathrow starten oder lande sollten, souwéi géint ee Fliger aus Manchester. Et wiere keng "Sécherheetsproblemer" identifizéiert ginn.

Eréischt e Méindeg war eng Maschinn vu Wizz-Air vu London-Luton um Wee op Sofia wéinst enger Bommemenace ëmgeleet ginn. De Fliger war zu Budapest noutgelant. Virdru war e Austrian-Airlines-Fliger um Wee vun Tel Aviv op Wien wéinst enger Bommemenace a Bulgarien ëmgeleet ginn. Och hei goufe keng Sprengstoffer fonnt.

Back to Top
CIM LOGO