
De spueneschen Transportminister Oscar Puente huet en Dënschdeg seng Demissioun annoncéiert, nodeems virun enger knapper Woch bei engem schwéieren Zuchaccident 69 Persounen ëm d'Liewe komm waren. Et war dat zweet schwéiert Zuchongléck an engem Joer a Spuenien.
A sengem Message deelt de Puente mat, dass hien net nëmme vu senge Funktiounen als Transportminister zrécktrëtt, mee och net méi op de Lëschte fir déi nächst virgezunne Parlamentswalen Enn November wäert stoen. Bis ewell hat de Puente ëmmer refuséiert, vu sengem Posten zréck ze trieden.