
De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun huet eng éischt Aschätzung ginn.
Et wär e kloert Zeechen, datt dem Trump seng Politik "echouéiert" ass. Den US-President wär ugeschloen. Glécklecherweis wär et sou e kloert an däitlecht Resultat. Dowéinst hätt den Trump och keen anere Choix, wéi d'Resultat unzeerkennen.
De Gusty Graas seet awer och, datt een elo net ze vill optimistesch dierft sinn. Den Trump wär innepolitesch extrem ugeschloen, mä aussepolitesch wéilt hie sech nach ëmmer als staarke Mann duerstellen. Hie wär nach ëmmer ieweschte Kommandeur vun der Arméi. An der Aussepolitik, wat zum Beispill d'NATO, de Putin oder d'Ukrain ugeet, wäert sech net vill änneren. D'Demokrate kéinten awer iwwert de Senat Afloss huelen.
Déi nächst Zäit wäert spannend ginn, sou den DP-Deputéierten, mee a court terme erwaart hie keng grondleeënd Ännerung an der Aussepolitik. Et géifen nach e puer Turbulenzen op eis duerkommen, sou de Gusty Graas. Amerika wäert deels nach onstabil bleiwen.