Fir den Drogeschmuggel ze bekämpfenBuergermeeschtesch vun Amsterdam wëll gereegelten Zougang zu Kokain schafen

RTL Lëtzebuerg
D'Femke Halsema ass zanter 2018 Buergermeeschtesch vun Amsterdam. Enger Stad, déi fir hir tolerant Approche géigeniwwer Cannabis bekannt ass.
© JOHN THYS / AFP

Ma wann et no der gréng-lénker Politikerin geet, soll et an Zukunft och e gereegelten Zougang zu sougenannten haarden Drogen ewéi Kokain oder Extasy ginn. Wéi si an engem Interview mat der Noriichtenagence AFP sot, kéint si sech virstellen, dass Konsumente Kokain an der Apdikt oder op eng aner Manéier iwwert de Gesondheetssystem kéinte kréien.

Et géif hir dobäi allerdéngs net drëms goen, den Drogekonsum ze promouvéieren. Villméi wier hir doru geleeën, eppes géint den illegalen Drogenhandel an d’Gewalt, déi dëse mat sech bréngt, ze ënnerhuelen. Si wier sech duerchaus bewosst, dass de Konsum vu verschiddenen Droge geféierlech wier, an dass et am beschte wier, wann d’Leit keng Droge konsuméiere géifen. Ma de Kampf géint Drogen, deen 80 Prozent vun der Aarbecht vun der Amsterdamer Police ausmécht, hätt näischt bruecht.

“De Präis vum Kokain ass onverännert, mir hunn also keen Afloss”, sou d’Halsema géigeniwwer der AFP. Et wier lächerlech, den Drogenhandel Krimineller ze iwwerloossen an net ze versichen, de Marché ze reguléieren.

Nieft engem reguléierte Marché fir Kokain, kéint d’Buergermeeschtesch vun Amsterdam sech och e reguléierte Marché fir aner Drogen, ewéi zum Beispill Extasy, virstellen. D’Diskussioun iwwert den Ëmgang mat Droge misst dann am Allgemenge manner op enger emotionaler a moralescher a méi op enger pragmatesch-ekonomescher Basis gefouert ginn.

Si wier sech allerdéngs bewosst, dass hir Positioun kontrovers wier, an dass et vill Iwwerzeegungsaarbecht bräicht. Ausserdeem misst een de ganze Volet vum Drogemarché - vun der Produktioun bis zum Verkaf - aus der Kriminalitéit huelen, fir erfollegräich géint d’Kriminalitéit virzegoen. Dat géif Joerzéngten an Usproch huelen.

Back to Top
CIM LOGO