Als 21. Land Bulgarien huet den Euro agefouert

Tom Nols
Genee 19 Joer no hirem EU-Bäitrëtt hunn d'Bulgare fir de Joreswiessel den Euro agefouert, an domat de Lew opginn.
Déi bulgaresch Euro-Mënzen
© NIKOLAY DOYCHINOV/AFP

Als 21. Land huet Bulgarien hënt den Euro agefouert, genee 19 Joer nom Bäitrëtt zur Europäescher Unioun. Ëm Mëtternuecht huet dat südosteuropäescht Land de Lew opginn, deen zanter Enn vum 19. Joerhonnert am Gebrauch war. Bei de Feierlechkeete sinn d’Euromënzen a -schäiner op d’Mauere vun der Zentralbank a vum Parlament projezéiert ginn. An enger Ried huet de President Rumen Radev d’Aféierung vum Euro als “leschte Schratt” vun der EU-Integratioun vu sengem Land bezeechent.

Virun der Nationalbank an dem Parlament zu Sofia ass d'Aféierung vum Euro gefeiert ginn.
Virun der Nationalbank an dem Parlament zu Sofia ass d’Aféierung vum Euro gefeiert ginn.
© Foto von NIKOLAY DOYCHINOV / AFP

D’Cheffin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde huet Bulgarien “häerzlech wëllkomm an der Euro-Famill” geheescht. D’Eenheetswärung wier e “staarkt Symbol” fir “gemeinsam Wäerter a kollektiv Stäerkt”. Der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen no wier de Bäitrëtt zur Eurozon e “wichtege Meilesteen” fir Bulgarien. Gemooss um PIB si si dat äermste Land an der EU.

Bulgarien ass dat éischt Land um Schwaarze Mier, an deem d’Gemeinschaftswärung gëllt. Bréissel hat no der Decisioun am Juli matgedeelt, dass de Wiesselcours tëscht dem Euro an dem bulgaresche Lew op ronn 1,96 Lew festgeluecht géif ginn. Kuerz no Mëtternuecht konnten d’Leit schonn déi éischt Euroschäiner aus de Geldautomaten zéien.

Back to Top
CIM LOGO