"Däitlech Warnung" u "Separatisten"China lancéiert grousse Militärmanöver virun taiwanescher Küst

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Déi chineesesch Arméi huet e Méindeg eegenen Aussoen no eng gréisser Militärübung virun der taiwanescher Küst lancéiert.
China hat am Montag nach eigenen Angaben mit Militärübungen vor Taiwan begonnen. Dabei werde auch scharfe Munition eingesetzt, teilte das Militär mit.
© AFP

Wéi et vun engem Militärspriecher heescht, géif dobäi och schaarf Munitioun agesat ginn. “Maritim Ziler am Norden an am Süde vum Taiwan” sollen dobäi uviséiert ginn. D’Arméi huet bei hirer Übung ënnerschiddlech Aarte vu Krichsmaschinerie agesat, dorënner och Dronen. Den Taiwan hat véier Booter vun de chineesesche Garde-côtë virun der eegener Nord- an Ostküst gemellt an als Äntwert dorop direkt “gréisser Schëffer” an déi concernéiert Gebitter geschéckt.

De Manöver, un deem nieft der Marinn och d’Loftwaff, d’regulär Arméi a Rakéiten-Unitéite bedeelegt sinn, gouf vu Peking Stonne virdrun annoncéiert. Zil wier et der chineesescher Staatstëlee no, datt wichteg taiwanesch Häfe blockéiert ginn. D’Übunge wieren als “däitlech Warnung” fir “d’Separatisten” a “Sécherung vun der chineesescher Souveränitéit an nationaler Unitéit” ze verstoen, sou nach de chineesesche Militärspriecher. Och eng Kaart mat fënnef markéierte Gebitter gouf vun der chineesescher Arméi verëffentlecht. An dëse sollen en Dënschdeg Übunge mat schaarfer Munitioun ofgehale ginn.

Déi taiwanesch Regierung huet d’Annonce als “Mëssuechtung vun internationalen Norme” verurteelt a vu “militärescher Aschüchterung” geschwat, déi China notze géif, fir Nopeschlänner ze menacéieren.

Back to Top
CIM LOGO