IndienCorona-Impfstoff gëtt u Mënsche getest

RTL Lëtzebuerg
Indien gëllt als Apdikt vun der Welt, well et souvill Medikamenter produzéiere kann. Elo ginn éischt Tester vum Corona-Impfstoff u Mënsche gemaach.

Iwwerdeems an Indien d’Zuel vun de Corona-Infizéierte weider klëmmt, schafft den Nationalen Institut fir Virologie elo un engem Vaccin. Domat läit Indien bei der Entwécklung vun engem Impfstoff ganz wäit vir.

An de Medie ginn Annoncë gemaach, fir Fräiwëlleger ze fannen, déi de Vaccin testen.

Iwwert d’Hallschent vun all den Impfstoffer weltwäit gi vun der indescher Pharmaindustrie produzéiert a ronn 40% vun de Generiquen, déi op dem US-Marché verkaf ginn. An der EU gi Medikamenter aus Indien am Wäert vun iwwer 30 Milliarden Euro verkaf.

Hoffnung gëtt elo an Indien op d’Covid-19-Patiente geluecht, déi antëscht geheelt sinn. Hire Plasma aus dem Blutt soll dozou bäidroen, d’Immuniséierung vun der indescher Bevëlkerung ëm ronn 1,3 Milliarde Mënschen ze acceleréieren. Enn Juni gouf zu Delhi déi éischt Plasma-Bank an Indien opgemaach. De Regierungschef Arvind Kejriwal huet d’Leit dozou opgeruff, hire Blutt-Plasma ze spenden. Hien hofft, datt d’Leit erkennen, datt sech domat eng Chance bitt, Liewen ze retten. Hien huet en Appell un all déi Leit gemaach, déi de Virus iwwerstanen hunn, fir Plasma ze spenden.

Zanter Januar, wéi déi éischt Corona-Fäll registréiert goufen, sinn offiziell iwwer 22.000 Mënschen um Virus gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO