
Wéi de Stern schreift, wier iwwer d’Lautsprecher um Schëff ze héiere gewiescht, dass eng Persoun iwwer Bord gaange wier, an dass d’Sich no dëser direkt starte misst.
Wéi eng Spriecherin vun der Croisièresentreprise géigeniwwer dem Noriichte-Magasinn sot, géif e Member vun der Crew vermësst ginn. Et hätt een e Grond, fir unzehuelen, dass déi vermësste Persoun an der Strooss vun Dover iwwer Bord gaange wier. D’Sich nom Crewmember hätt déi héchste Prioritéit. De Kapitän an d’Crew vum Schëff hätten déi zoustänneg Autoritéiten informéiert an alleguer d’néideg Rettungsmesuren an d’Weeër geleet.
Den Ament wieren ausserdeem eng Partie Tanker, Frachtschëffer a privat Yachten am Äermelkanal ënnerwee. An der Reegel ass et esou, dass aner Schëffer sech un der Sich bedeelegen, wann eng Persoun iwwer Bord gaangen ass.