Annonce vu Mesurë fir nächst Woch geplangtDäitschland gesäit Russland hannert Dronevirfall zu Leipzig

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeems Ufank August e puer Dronen um Fluchhafen zu Leipzig fonnt goufen, wéilt déi däitsch Regierung Sanktioune géint Russland decidéieren.
Die Bundesregierung sieht einem Medienbericht zufolge Russland hinter dem Drohnenvorfall in Leipzig: Berlin plane, in den kommenden Tagen Moskau offiziell für den versuchten Sprengstoffdrohnenanschlag von Anfang August verantwortlich zu machen.
Et wier eng Kombinatioun direkte Mesurë vun Däitschland an neien EU-Sanktiounen.
© DPA/AFP

Déi däitsch Regierung gesäit Medieberichter no Russland hannert dem Dronevirfall zu Leipzig. Berlin géing plangen, an den nächsten Deeg Moskau offiziell fir dat versicht Sprengstoffattentat mat enger Dron vun Ufank August responsabel ze maachen. Dat melle "Welt am Sonntag" a Portal Politico e Samschdeg ënner Recours op dräi Persounen, déi mam Sujet vertraut wieren. Deemno sollen zäitgläich "ëmfangräich" Mesuren annoncéiert ginn.

De Meldungen no geet et ëm eng Kombinatioun vun direkte Mesurë vun Däitschland an neien EU-Sanktiounen. Dowéinst wier d'Annonce fir Ufank nächster Woch parallel zum Sommet vun den EU-Ausseministeren an Irland en Dënschdeg geplangt. De Bundeskanzeler Friedrich Merz kéint d'Decisioun awer och virzéien.

E Regierungsspriecher sot dozou, datt de Kanzler sech net u Spekulatioune bedeelege géing. "Relevant ass eleng déi offiziell Zouuerdnung, déi d'Bundesregierung selwer an op Basis vun den Ermëttlungsresultater hëlt."

Um Owend vum 4. August war um Fluchhafe Leipzig eng mat Sprengstoff belueden Dron fonnt ginn. An der Géigend waren eng Rei ukrainesch Frachtfligeren. De Fluchhafen zu Leipzig gëllt als wichteg Plaz fir militäresch Hëllefsliwwerunge fir d'Ukrain. Meldungen no goufen zu Leipzig e puer Dronen agesat.

Eréischt en Donneschdeg hat de Merz an engem Interview mat RTL Däitschland gesot, datt d'Bundesregierung déi Responsabel vum Virfall geschwë bekannt maache géing. Den Inneminister Dobrindt hat bis ewell just vu "frieme Muechte" geschwat.

Back to Top
CIM LOGO