
Grond fir d’Protester ass d’Publikatioun vun enger Opnam vum Oppositiounspolitiker Peter Magyar, déi beweise soll, datt d’Regierung an ee Korruptiounsfall verwéckelt ass.
De Magyar ass den Ex-Mann vun der fréierer Justizministesch Judit Varga. Si ass Member am Victor Orban senger Fidesz-Partei. Beim publizéierten Enregistrement handelt et sech ëm ee Gespréich tëscht der Varga an dem Magyar, an deem si iwwert ee Fall vu Korruptioun schwätzen, an deen der Varga hire fréieren Adjoint involvéiert soll sinn. Déi fréier Justizministesch huet erkläert, si wier vun hirem Ex-Mann zu den Aussoe gezwonge ginn.