Zu OrléansDausende protestéiere géint Parteidag vum RN

RTL mat AFP
Ronn 50 politesch Parteien, Gewerkschaften a Verbänn hunn zu Demonstratiounen opgeruff.
Zu Orléans sinn op d'mannst 11.000 Leit op d'Stroosse gaangen.
Zu Orléans sinn op d'mannst 11.000 Leit op d'Stroosse gaangen.
© SIMON WOHLFAHRT/AFP

Méi wéi 10.000 Leit hunn e Samschdeg zu Orléans géint de Parteidag vum rietspopulistesche Rassemblement National protestéiert. Eng 50 politesch Parteien, Gewerkschaften a Verbänn haten zu den Demonstratiounen opgeruff. D'Cheffin vum RN Marine Le Pen wëllt e Sonndeg mat enger Ried hire Walkampf fir d'Presidentielle lancéieren.

D'Autoritéiten hu vu ronn 11.000 Manifestante geschwat, d'Organisateure louche bei engem Chiffer vu 26.000. D'Police fäert, dass et zu gréissere Randale kënnt. D'Demonstrante protestéieren net nëmme géint den RN, mee och géint de President Emmanuel Macron.

Virop gaangen ass de Buergermeeschter vu Saint-Denis. De Protest riicht sech och géint de presuméierte rassisteschen Uschlag e Freideg zu Paräis, bei deem e Mann erschoss ginn ass.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO