
De Gesondheetszoustand vum Jean-Marie Le Pen huet sech zejoert verschlechtert. De Grënner vun der franséischer rietsextremer Partei Front National wier am Krees vun der Famill gestuerwen. Hie war viru kuerzem an der Paräisser Banlieue Garches an d’Fleegeheem bruecht ginn.
1972 huet hien de Front National gegrënnt a war Parteichef bis 2011.
De Le Pen ass ëmmer nees wéinst dem Leegne vum Holocaust, Rassismus an Antisemitismus verurteelt ginn. 2015 dunn ass hie vu senger Duechter Marine aus der Partei ausgeschloss ginn. Aus dem Front National 2018 ass de Rassemblement national ervirgaangen.
De Jean-Marie Le Pen ass e puer Mol bei de Presidentiellen a Frankräich ugetrueden. Hien hat fir Opreegung gesuergt, wéi hien 2002 iwwerraschend géint de Konservative Jacques Chirac an den 2. Tour komm ass.
D’Marine Le Pen wëll bei den nächste Wale fir déi véierte Kéier kandidéieren. Si ass zënter 2017 Deputéiert.
An de leschte Wochen huet hien an engem Fleegeheem gelieft.