"Knuet an der Long"De Poopst Leo wäert an den nächsten Deeg operéiert ginn

AFP, iwwersat vun RTL
Hie géif sech op de Rot vu sengen Dokteren hin operéiere loossen, sou de Pontifex.
De Poopst Leo XIV. trëfft am Kader vu senger Visitt zu Metz op de Grand-Duc Guillaume.
© Roland Miny

De Poopst Leo de XIV. huet e Sonndeg matgedeelt, dass hien an den nächsten Deeg operéiert gëtt. Wéi et vum Pontifex heescht, hätten d'Dokteren e "Knuet" a senger Long fonnt. Well dësen nach an engem ganz fréie Stadium wier, hätte si him zu enger Operatioun geroden.

Dat soll dann an den nächsten Deeg passéieren, esou de Poopst e Sonndeg nom Angelusgebiet am Vatikan.

Back to Top
CIM LOGO