Am Alter vu 50 JoerLieutenant-Colonel Paul Reding gestuerwen
De Lieutnant-Colonel Paul Reding ass dout. Den nationale Militär-Representant bei der NATO-Vertriedung zu Bréissel a vum SHAPE, dem strateegeschen Headquarter vun den alliéierte Partner ass scho leschte Freideg am Alter vu just 50 Joer onerwaart gestuerwen.
Verëffentlecht: 25.11.26 07:08
Dat ass e Mëttwoch an den Doudesannoncen an der geschriwwener Press ze liesen. De Paul Reding war och eng Zäit laang Chef vum Service déminage vun der Arméi a war duerno nationale Vertrieder vun Eurocorps zu Stroossbuerg.