
Wéi d'Police schreift, hunn e Freideg de Mëtteg géint 15:20 Auer zwee Männer um Parking vum Cactus zu Bäreldeng wuel probéiert gefälscht Aueren ze verkafen. Nodeems e Sécherheetmataarbechter déi zwee dorop uschwätze wollt, soll de Chauffer hannerzeg gefuer sinn, woubäi en de Sécherheetsmann ugestouss a liicht blesséiert huet. Wéi d'Männer bei der Rouder Luucht hu misse stoe bleiwen, wollt de Sécherheetmataarbechter Foto maachen. Doropshin ass den Auto nach emol hannerzeg gefuer, woubäi e géint e weideren Auto gerannt ass, éier e sech duerch d'Bascht gemaach huet.
D'Police sicht an deem Kader no Informatiounen zu de Passagéier vun engem groen Auto vun der Mark BYD mat der belscher Plackennummer 2-JUY-128. Och Leit, déi Aueren ugebuede kruten oder kaf hunn, si gebieden, sech bei der Police ze mellen. All d'Informatioune si fir d'Police vu Walfer ënnert der Nummer 244 41 1000 oder per Mail u police.walferdange@police.etat.lu.