Chamberdebatt iwwer IranDe Spagat tëschent Hoffnung a Suerg

Pierre Jans
No der Regierungsdeklaratioun hunn d'Deputéiert iwwer d'Situatioun am Noen Osten a speziell am Iran debattéiert.
© RTL-Archiv

D’Efforte vun der Regierung fir Lëtzebuerger a Residenten an der Regioun ze rapatriéieren, goufe queesch duerch d’Bänke begréisst. Eng Motioun vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, déi d’Regierung opfuerdert, sech ënnert anerem um Niveau vun der UNO fir diplomatesch Léisungen an deem Konflikt staark ze maachen, krut awer nëmmen 53 Jo-Stëmmen, d’ADR huet sech enthalen an d’Pirate waren dogéint.

Chamberdebatt iwwert den Iran / Reportage: Pierre Jans

All d’Deputéiert hu sech mat de villen Iranerinnen an Iraner gefreet, déi elo nees Hoffnung hunn a Fridden a Fräiheet kënnen ze liewen. Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet mengt, all déi Leit hätten elo eng Fro a Richtung EU.

“Nämlech déi: Ënnerstëtzt der eis? Eise Wëllen no engem demokrateschen Iran? An eis Äntwert op déi Fro ass kloer: Jo!“

Déi meescht Deputéiert hu sech awer och méi oder manner dru gestéiert, dass d’USA mat der Attack op den Iran internationaalt Vëlkerrecht violéiert hätten. Ausser d’ADR, dem Fred Keup seng Fraktioun:

“Ass dat e Broch vum Vëlkerrecht? Ka sinn. Ass dat eemoleg? Ass dat eng Situatioun déi méi onsécher ass, ewéi se war? Sécher net. Onstabil Phase gouf et an de leschte Jore ganz dacks. A Bréch vum Vëlkerrecht ganz vill.”

Hei géif dat Positiivt iwwerweien an den Iran wär sech dat och siche gaangen, esou de Fred Keup. An de Gusty Graas vun der DP hat dat méi nuancéiert och gesot.

“Et däerf een net vergiessen, dass dat Land d’Ukrain net ënnerstëtzt. Am Géigendeel. Et ass un der Säit vu Russland. Et ass awer och kloer, dass d’USA spéitstens no dëser Interventioun bewisen hunn, dass d’internationaalt Vëlkerrecht net méi respektéiert ass.”

An dem Yves Cruchten vun der LSAP mécht dat Suergen:

“Mir hunn awer an der Vergaangenheet gesi wat geschitt, wann Interventiounen ouni Exit-Strategie a breet international Zoustëmmung geschéien. Denke mer mol un den Irak an den Afghanistan. D’Intentioune waren heiansdo gutt. D’Resultater waren ze dacks: Instabilitéit a Chaos!”

An hautdesdaags maachen d’USA mol keen Heel méi draus, wat hir Intentioune sinn, beklot den David Wagner vun déi Lénk.

“Si soen dat jo oppen. Et ass net méi de Wiessel vum Regime. Et ass just nach d’Schwächung oder d’Kontroll. Haaptsaach d’Regierung schafft fir d’USA. Haaptsaach si kënne sech ravitailléiere mam Pëtrol.”

Der Sam Tanson vun déi gréng no missten d’Regierung an d’EU den Asaz vun den USA verurteele wéinst der Violatioun vun der UNO-Charta.

“Wa mir dat zouloossen a wann eis dat egal ass, da si grad kleng Länner ewéi Lëtzebuerg ouni Moyene sech ze verdeedegen, tributaire dovun wat méi staark Länner kënne maachen. Mir kënnen dat net toleréieren.”

An de Marc Goergen versteet, firwat d’USA d’Europäer leider net an hir Pläng am Iran mat abezunn hunn.

“Den Iran hätt warscheinlech scho virun den aneren EU-Ministere matkritt, wat am Iran geplangt ass, iwwer Ungarn an eben da Russland.”

Ënnerstëtzung vum iranesche Vollek, Héichhalen vum internationale Recht. Et ass eng komplex Situatioun.

Back to Top
CIM LOGO