Ob Studenten oder jonk Leit déi schaffe ginn, déi allermeescht kënne sech et net leeschten, zu Lëtzebuerg ze wunnen. Genee dofir ruffen 13 Jugendorganisatiounen fir Muer zu enger Manif op, fir den Drock op d'Politik z'erhéijen.
Wat muss sech änneren, fir datt déi Jonk zu Lëtzebuerg eng Wunneng an eng Perspektiv fannen? Dat froe mer de Maxime Pantaleoni de Moien. De Vertrieder vum Kollektiv ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.