
E Samschdeg am Nomëtteg koum dunn d’Matdeelung, datt och déi lescht Passagéier no bal 24 Stonnen aus hire Kabinne konnte gerett ginn.
Zéng Helikopteren a méi wéi 600 Secouriste waren zanter e Freideg 17.30 Auer beim Ongléck un der Sarisu-Tünektepe-Seelbunn an de Bierger bei Antalya am Asaz. Ee Support war zesummegebrach an huet dobäi eng Kabinn getraff. Dobäi ass de Buedem vun der Kabinn futti gaangen an d’Passagéier u Bord sinn an d’Déift gefall. Eng Persoun koum ëm d’Liewen, 10 anerer goufe blesséiert.
174 Passagéier hunn duerno bis e Samschdeg am Nomëtteg an enger “onheemlech riskanter Aktioun” no an no misse gebuerge ginn, wéi et vum tierkesche Katastropheschutz heescht.
D’Autoritéiten hunn d’Ermëttlungen opgeholl. Géint 13 Leit gouf een Haftbefeel ausgesprach, dorënner och géint de Chef vun der Seelbunn. D’Infrastruktur wier a schlechtem Zoustand gewiescht, esou den tierkesche Justizminister nom Accident.