
Déi nei Regierung an Dänemark steet. D'Premierministesch Frederiksen huet eng Koalitioun aus Mëtt-Lénks Parteien annoncéiert. Dofir ware gutt zwee Méint néideg an zwee Versich fir eng Regierung ze forméieren ware schif gaangen. Fir d'Sozialdemokratin Frederiksen ass et déi drëtt Amtszäit.