
Ronn ee Mount nom Déifstall vun zwee Biller vum impressionistesche franséische Moler Renoir aus engem Musée a Südfrankräich si béid Konschtwierker nees do. Wéi de Buergermeeschter vu Cagnes-sur-Mer Bryan Masson e Freideg erkläert huet, wieren d'Biller fonnt ginn. Wou genee se fonnt goufen, an a wéi engem Zoustand se sinn, huet hien näischt gesot.
De Parquet vu Marseille, deen an der Affär enquêtéiert an d'franséisch Police soten näischt zu der Saach.
Den 8. September goufe bei engem Abroch am Renoir Musée zu Cagnes-sur-Mer véier Wierker am Wäert vun am Ganzen aacht Milliounen Euro geklaut. D'Brigangen haten d'Fixatioune vun de Rummen, an deenen d'Biller ware, mat Metall-Seeën duerchgeschnidden. Zwee vun de Biller hate si op der Flucht am Gaart vum Musée leie gelooss. Déi aner zwee hate si matgeholl.
Eng Partie franséisch Medien hunn en Donneschdeg gemellt, dass am Kader vun der Enquête zu den Déifställ sechs Persoune festgeholl goufen. A Policekreesser goufen dogéint nëmme fënnef Festname confirméiert.