Aus Musée a Südfrankräich geklautFënnef Festnamen no Déifstall vu Renoir-Wierker

AFP, iwwersat vun RTL
Viru gutt engem Mount gouf an de Renoir-Musée a Südfrankräich agebrach. Elo goufe fënnef Leit an deem Kontext festgeholl.
Nach dem Diebstahl von zwei Renoir-Gemälden aus einem Museum im Südfrankreich vor rund einem Monat sind fünf Menschen festgenommen worden. Das wurde am Mittwoch aus mit den Ermittlungen vertrauten Quellen bekannt.
E Polizist virum Renoir-Musée zu Cagnes-sur-Mer.
© AFP/Archiv

Nom Déifstall vun zwee Tabloe vum Renoir aus engem Musée a Südfrankräich virun engem Mount goufe fënnef Leit festgeholl. Dat melle Kreesser, déi mat den Ermëttlunge vertraut sinn. De Parquet vu Marseille, dee fir d'Ermëttlungen an deem Fall zoustänneg ass, wollt virop näischt soen.

Der Dageszeitung "Nice Matin" no, déi och iwwer d'Festname bericht hat, goufen am Ganze sechs Verdächteger festgeholl, dorënner déi zwee presuméiert Abriecher. D'Festname waren an den Departementer Alpes-Maritimes, Var, Hérault an Doubs koordinéiert ginn. Wou déi zwee geklaut Wierker sinn, gouf bis ewell net gesot.

Beim Abroch an de Renoir-Musée zu Cagnes-sur-Mer an der Géigend vun Nice goufen um fréie Moie vum 8. September véier Tabloen am Wäert vun am Ganzen néng Milliounen Euro geklaut. D'Déif hunn d'Halterunge vun de Rumme mat Metallseeën duerchtrennt. Zwee vun de Biller hu si op der Flucht virun der Police am Gaart vum Musée zréckgelooss, déi zwee aner hu si matgeholl.

De Renoir-Musée, deen 1960 gegrënnt gouf, ass am leschten Haus vum Moler Pierre-August Renoir zu Cagnes-sur-Mer un der Côte d'Azur. Nieft der ursprénglecher Ariichtung weist de Renoir-Musée Géigestänn, déi dem Renoir gehéiert hunn, dorënner seng Staffelei a säi Rollstull. Donieft sinn zwielef vu senge Wierker ausgestallt, dorënner Portraiten.

Den Déifstall ass knapp ee Joer nom spektakulären Déifstall am Louvre zu Paräis geschitt, bei deem en Deel vun de franséische Krounbijoue geklaut gouf.

Back to Top
CIM LOGO