120 Joer "Entente Cordiale"Den Élysée-Palais an de Buckingham Palace hunn e Méindeg hir Garde getosch

RTL Lëtzebuerg
Brittesch Zaldote stounge virum Élysée zu Paräis Garde, déi franséisch Garde républicaine virum Buckingham Palace zu London.

Iwwert ee Joerhonnert schonns besteet d’Entente Cordiale tëschent Groussbritannien a Frankräich. D’Zil vun dësem Ofkomme war et am Joer 1904, eng Léisung ouni Konflikter bei der Opdeelung an der Verwaltung vun den afrikanesche Kolonien ze fannen. Déi zwou Kolonialmuechte krute sech virdrun dacks an d’Hoer.

Dëst Joer feieren déi zwee Länner 120 Joer vun dësem Bündnis. De franséische President Emmanuel Macron widderhëlt an engem Videomessage e Méindeg d’Wichtegkeet vun der “Entente Cordiale” a hofft, fir och an Zukunft kënnen op d’Ënnerstëtzung vu Groussbritannien ze zielen. Als Beispiller fir den Erfolleg vun der franséisch-brittescher Allianz nennt de Macron déi gemeinsam Hëllefspolitik fir d’Ukrain, souwéi och d’Zesummenaarbecht am Beräich vun der kënstlecher Intelligenz.

Och wier nom brittesche Kinnek Charles III. eng sougenannten “Entente fir d’Nohaltegkeet” vun enormer Wichtegkeet. Dat hat hie bei sengem Staatsbesuch a Frankräich am September 2022 betount.

Un der Ofléisung vun de Gardë virum Élysée-Palais hu 16 brittesch Zaldoten a rouden Uniformen a mat de markante Pelzmutzen deelgeholl. Déi franséisch Militärmusek huet d’Hymne vu béide Länner gespillt. De Macron an déi brittesch Ambassadrice Menna Rawlings ware present.

Zu London beim Buckingham Palace waren et de Prënz Edward, seng Fra Sophie souwéi héichrangegt Personal vum Militär vu béide Länner.

Back to Top
CIM LOGO