Neie Buergermeeschter gesichtDës Theme ginn am Walkampf zu London wichteg

RTL Lëtzebuerg
Zu London gëtt Ugangs Mee en neie Buergermeeschter oder eng nei Buergermeeschtesch gewielt.
© AFP/Daniel LEAL

Manner Autostrafic an der brittescher Haaptstad, d’Streiken am ëffentlechen Transport, Problemer am Educatiounssecteur an d’Kriminalitéit sinn Themen am Walkampf. Eng Korrespondenz vum Sophie Britz.

Den 2. Mee gëtt zu London gewielt. Et ginn 13 ganz verschidde Kandidaten a vill verschidde Walkampf-Sujeten. De Fokus soll net nëmmen um Trafic oder der Kriminalitéit leien.

Dës Theme ginn am Walkampf zu London wichteg / Sophie Britz, RTL-Korrespondentin

Den “Homeschooling” ass ënnert anerem en Thema. Normalerweis bedeit dat, dass d’Kanner net méi an d’Schoul ginn, mee doheem enseignéiert ginn, an dat meeschtens vun den Elteren. D’Zuel vun de Kanner, déi “homeschooled” ginn, geet an England an d’Luucht. Dëst Schouljoer gouf et eng Hausse vun iwwert 10.000 jonke Leit, déi doheem ënnerriicht ginn.

Wann d’Elteren Homeschooling ufroen, gëtt d’Kand aus der Schoul rausgeholl an et gëtt näischt weider iwwerpréift. Eng Direktesch vun enger Schoul aus engem éischter benodeelegte Quartier am Nord-Oste vu London weist sech besuergt. Si ass der Meenung, dass d’Schoulen alles musse maachen, fir d’Kanner an de richtege Klassesäll ze halen. Zanter der Pandemie géif den Homeschooling ëmmer méi e Problem ginn. Et wier virun allem wéinst der mentaler Gesondheet, firwat d’Elteren hir Kanner net méi wéilten traditionell an d’Schoul schécken.

D’Schüler feelen och allgemeng ze dacks an der Schoul. De Lycée “Oasis Academy Hadley” kennt de Problem besonnesch gutt. D’Schoul beklot sech, si misst den Elteren nolafen, uruffen oder souguer doheem optauchen. D’Schoul geet esou wäit, datt se Strofe verdeelt. D’lescht Woch eréischt ass de Montant vu 60 op 80 Pond an d’Luucht gaangen.

Et gëtt awer och Kritik: d’Eltere sollen ënnerstëtzt ginn, amplaz Strofe mussen ze bezuelen. Fir vill Leit ass d’Präisdeierecht e grousse Problem, si kréien de Loyer an aner Rechnungen net méi bezuelt. Dorënner leiden och d’Kanner. Dacks kréie si keen Iesse mat an d’Schoul. Den aktuelle Buergermeeschter vu London, de Sadiq Kahn, hat sech dowéinst derfir agesat, dass et gratis Iessen an de Schoulen zu London sollt ginn.

De Logement, genau wéi zu Lëtzebuerg, ass och e grousst Thema am Walkampf. Et géif net genuch soziale Wunnengsbau ginn, besonnesch an eenzele Quartieren. Op ville Plazen zu London gëtt vill a Regeneratiounsprojeten investéiert. Dat bedeit awer och, dass Leit aus hire Wunnenge mussen eraus a beispillsweis an e bëllegen Hotel plënneren.

Wéi genee déi 13 Kandidaten, all déi Problemer wëllen ugoen, ass bis ewell nach éischter ongewëss.

Back to Top
CIM LOGO