
Dem Ministerpresident Albin Kurti ass et an där Zäit nämlech net gelongen eng Regierung zesummenzestellen. Seng sozialdemokratesch Partei kéint Analysten no nees stäerkste Partei ginn, ma dat awer, wéi bei de Walen Ufank vum Joer, nees ouni absolut Majoritéit.
De Kosovo ass de jéngsten europäesche Staat. 2008 gouf d’Onofhängegkeet erkläert. Den aktuelle Ministerpresident Albin Kurti wëll de serbeschen Afloss op de Kosovo ënnerbannen an d’Land éischter Richtung Albanien riichten. Dat suergt awer fir eng ugespaante Relatioun mat Serbien, zu deem de Kosovo fréier gehéiert huet. Serbien erkennt d’Onofhängegkeet vum Kosovo och weiderhin net un.