Am Joer 2025D'EU-Kommissioun rechent mat deem héchsten Expulsiounstaux vun illegale Migranten zanter 2019

Céline Eischen
2023 louch den Expulsiounstaux nach bei 19 Prozent, elo wier een op 27%, esou de Magnus Brunner.
© NICOLAS TUCAT/AFP

D’EU-Kommissioun rechent fir d’Joer 2025 mat deem héchsten Expulsiounstaux vun illegale Migranten zanter 2019. Dat huet den EU-Bannekommissär Magnus Brunner der Welt am Sonntag erkläert. 2023 louch den Expulsiounstaux nach bei 19 Prozent, elo wier een op 27%: Dem Magnus Brunner no géif dat awer net duer goen. Et misst ee méi konsequent Expulséieren a méi effikass géint déi illegal Migratioun virgoen, dofir misst ee beispillsweis och mat Drëttlänner méi enk zesummeschaffen, esou nach den zoustännegen EU-Kommissär. Nach Ugangs Dezember vum leschte Joer ware sech d’EU-Länner zu Bréissel op ville Punkten eens ginn: Zum Beispill soll den Drock op ofgeleenten Asyl-Demandeuren erhéicht ginn an Expulsiounen méi séier an effikass duerchgefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO