
Kuerz viru senger Renconter mam Wolodymyr Selenskyj huet den Donald Trump mam Kreml-Chef Wladimir Putin telefonéiert. D’Gespréich wier “gutt a produktiv” verlaf, huet den US-President op de Soziale Medie wësse gedoen.
Den Trump wäert de Selenskyj a senger privater Residenz Mar-a-Lago am US-Bundesstaat Florida empfänken. Den ukrainesche President wëllt dobäi iwwert déi vu Kiew iwwerschaffte Versioun vum amerikanesche Plang fir d’Enn vum russeschen Ugrëffskrich schwätzen. D’USA haten am November en 28-Punkte-Plang virgeluecht. Den Text, deen als russlandfrëndlech kritiséiert ginn ass, ass op Dränge vu Kiew a sengen europäeschen Alliéierten iwwerschafft ginn.
An der neier Versioun ginn et 20 Punkten. Virgesinn ass ënnert anerem d’Afréiere vun der aktueller Front. Zwou wichteg Fuerderunge vu Moskau, de Réckzuch vun den ukraineschen Truppen aus der ganzer Donbass-Regioun an e rechtleche Verzicht vun der Ukrain op en NATO-Bäitrëtt, stinn net méi dran.