Republican National ConventionDonald Trump hëlt Nominatioun fir Presidentschaftskandidatur un

RTL Lëtzebuerg
Wéi net anescht z'erwaarde war, wäert de fréieren US-President Donald Trump eng weider Kéier fir d'republikanesch Partei an d'Course goen.
© Photo by ANDREW CABALLERO-REYNOLDS / AFP

Et ass also déi drëtte Kéier, datt den Donald Trump sech der Wiel vun den Amerikaner stellt, fir neien US-President ze ginn, dat an enger fir hien dach schwéierer Zäit mat verschiddene Geriichtsprozesser an engem Attentat op säi Liewen.

Schonn am Virfeld vun dëser Convention zu Milwaukee am US-Bundesstaat Wisconsin hat den Trump annoncéiert, datt den James David, kuerz JD; Vance säi Kandidat fir de Poste vum Vizepresident gëtt. De Vance vertrëtt zanter 2022 de Bundesstaat Ohio am US-Senat.

An der Ried huet den Ex-President an elo och offizielle Spëtzekandidat vun de Republikaner den Amerikaner versprach, datt mat him déi “véier beschte Joren an der Geschicht vun eisem Land” géif kommen an huet, wärend hien nach eng Kéier op d’Attentat agaangen ass, seng Landsleit opgeruff, zesummenzestoen. Wéi amerikanesch Medien mellen, wier hien awer och vum Script, also der preparéierter Ried, ofgewach an hätt iwwer d’Ekonomie an d’Grenze geschwat, woubäi hien hei verschidde Falschbehaaptunge widderholl hätt. Iwwer den Joe Biden huet den Trump kee Wuert verluer.

Ob den Trump awer elo géint den aktuellen US-President wäert untrieden, gëtt ëmmer méi onkloer. Wärend den Joe Biden, dee sech aktuell a senger Heemescht Delaware vu Covid erhëlt, selwer untriede wëll, gesäit et aus, wéi wann hien a senger Partei ëmmer méi isoléiert géif ginn. Vill Membere vu senger Partei, an antëscht och héichrangeg Demokraten, stellen d’Fro, ob de Biden kierperlech e geeschteg nach fit genuch ass, fir ze kandidéieren an eng weider Kéier US-President ze ginn. Der New York Times no wier et esouguer méiglech, datt déi aktuell Vizepresidentin Kamala Harris den nächste Mount als nei Spëtzekandidatin soll nominéiert ginn. NBC no kéint den Joe Biden dës Annonce esouguer nach dëse Weekend maachen.

D’Korrespondenz aus den USA vum George Zens

Back to Top
CIM LOGO