FBI schwätzt vu Mordversuch, geet awer vun Eenzeltäter aus
© Photo by Takayuki Fuchigami / Yomiuri / The Yomiuri Shimbun via AFP
Zu Butler a Pennsylvania ass op de fréieren US-President geschoss ginn.
Bei engem Walkampf-Optrëtt vum US-Presidentschaftskandidat Donald Trump e Samschdeg am US-Bundesstaat Pennsylvania ass et zu engem dramateschen Tëschefall komm. E Mann huet op de fréieren US-President geschoss. Hie gouf um rietsen Ouer getraff a liicht blesséiert.
Stonnen nom Virfall huet den FBI de Virfall als "Mordversuch" agestuuft. Bei de Schëss géing et sech ëm "e Mordversuch géint eise fréiere President Donald Trump" handelen, sou den FBI-Agent Kevin Rojek zu Butler, der Plaz vum Attentat.
Beim Täter handelt et sech ëm e Mann vun 20 Joer aus Pennsylvania. Dat hunn déi amerikanesch Autoritéite matgedeelt. Den Attentäter ass séier no de Schëss vum Secret Service erschoss ginn. Op Videoen an de Soziale Medie gesäit een, wéi e Kierper fortbruecht gëtt. De presuméierten Täter soll aus 120 - 150 Meter Distanz vun engem Daach aus op d'Riednerpult geschoss hunn, direkt e puer Mol.
Firwat den 20 Joer ale Mann op de Republikaner geschoss huet, ass bis elo nach net gewosst. D'Enquêteure géifen op Héichtoure schaffen.Um Sonndeg den Owend eiser Zäit koum d'Meldung vum FB, datt ee vun engem Eenzeltäter géif ausgoen.
Verschidden Zeitungen hu gemellt, de Mann wier als Republikaner registréiert gewiescht. Hie soll awer op d'mannst och eemol den Demokrate Sue gespent hunn.
Am Virfeld vum Trump sengem Optrëtt hätt et keng Indicen op e méiglecht Attentat ginn, esou nach d'US-Autoritéiten.
Wéi de Secret Service matgedeelt huet, wier ee Visiteur beim Walkampf-Optrëtt duerch d'Schëss ëm d'Liewe komm, zwou weider Persoune wiere schwéier blesséiert ginn. De presuméierten Täter wier "neutraliséiert" ginn, sou nach de Secret Service op X. Hien hätt "vun enger méi héijer Positioun" aus e puer Schëss a Richtung Bün ofginn, op där den Trump grad ugefaangen hat, eng Ried ze halen.
Aenzeien hunn Ugräifer viru Schëss gesinn
Aenzeien op der Plaz hunn uginn, si hätten de presuméierten Täter virum Attentat gesinn an d'Autoritéiten alarméiert. Den Trump-Supporter Ryan Knight sot, hien hätt den Ugräifer op engem Gebai baussent dem Sécherheetsperimeter gesinn.
Déi lokal Police huet matgedeelt, si hätt "op eng Rei Meldungen iwwer verdächteg Aktivitéite reagéiert", huet awer keng weider Detailer matgedeelt.
Trump liicht blesséiert
Kuerz nom Ufank vun der Maniff, wéi den Donald Trump grad ugefaangen hat ze schwätzen, waren d'Schëss gefall.
Den Trump selwer huet sech nom Virfall iwwer seng Internetplattform Truth Social gemellt. "Ech wousst direkt, datt eppes net stëmmt, well ech hunn een zischend Geräisch, Schëss héieren an hunn direkt gespuert, wéi d'Kugel duerch d'Haut gaangen ass", sou den 78 Joer ale Politiker. Et wier "net ze gleewen, datt et an onsem Land zu esou enger Dot konnt kommen".
Op den éischte Biller, déi verëffentlecht goufen, war ze gesinn, wéi de fréiere President sech no de Schëss u säi rietst Ouer gefuer ass, sech gebéckt huet, kuerz net ze gesi war a wéi en nees opgedaucht ass, Blutt am Gesiicht hat.
Direkt no de Schossgeräischer hate sech Sécherheetsleit vum Secret Service op den Donald Trump gestierzt an deen huet dunn – ëmzéngelt vu Beamten – d'Fauscht an d'Luucht gestreckt, wuel fir de Leit ze signaliséieren, datt et ëm den Ëmstänn entspriechend gutt geet.
© AFP
Den Donald Trump gouf nom Virfall medezinesch behandelt. Mëttlerweil ass hien u Bord vu sengem Privatjet um Newark Liberty International Airport am Bundesstaat New Jersey gelant. E Video, dee vum Trump sengem Team an de Soziale Medien publizéiert gouf, weist wéi de fréieren US-President de Fliger verléisst - ëmgi vun Agente vum Secret Service a weideren arméierte Sécherheetsleit. Den Trump wëll d'Nuecht zu New Jersey a sengem Golf Club verbréngen.
We will FEAR NOT
Den Trump selwer huet sech zu Wuert gemellt a gëtt sech kämpferesch. “We will FEAR NOT” - Mir wäerten net fäerten. Et wier wichteg zesummenzehalen. Et dierft een net erlaben dass dat “Béist” gewënnt, sou den Trump. Weider huet de fréieren US-President seng Kondolenz fir d'Famill vun der Persoun, déi bei dësem Attentat ëm d'Liewe komm ass, esou wéi och fir déi Leit, déi blesséiert goufen, ausgeschwat.
Mordversuch suergt weltwäit fir Reaktiounen
Den amerikanesche President Joe Biden sot hie wier frou, datt den Donald Trump a Sécherheet wier. Hien huet d'Attentat verurteelt an d'Land opgefuerdert zesummenzestoen. Béid Männer hunn dann och nom Tëschefall mateneen telefonéiert.
Butler läit ganz am Weste vu Pennsylvania, eng 20 Kilometer nërdlech vu Pittsburgh. D'Plaz vum Walkampoptrëtt gouf nom Virfall ofgespaart.
Trump-Fans zu Butler - virum Tëschefall
Den 78 Joer alen Trump ass jo de Presidentschaftskandidat vun de Republikaner a wëll am November nees an d'Wäisst Haus kommen. E Méindeg soll de Parteidag vun de Republikaner zu Milwaukee am Wisconsin ufänken. Do soll den Ex-President offiziell zum Kandidat vu senger Partei gemaach ginn.
Trump-Supporter zu Butler