Den Donald Trump huet an engem Interview mat der amerikanescher Boulevard-Zeitung New York Post erzielt, wéi hien den Attentat op sech erlieft huet.

Dem fréieren US-President no wier et eng surreal Erfarung gewiescht. Hie sollt eigentlech dout sinn, sou den Trump. Hätt hie wärend senger Ried net de Kapp liicht no riets gedréint, fir eng Statistik iwwer d'Migratioun ze liesen, hätt d'Kugel hien déidlech getraff.

Dass hien nach um Liewe wier, hätt hie Gléck oder Gott ze verdanken, sou den Donald Trump an engem Interview mat der Boulevard-Zeitung New York Post. Vill Leit hätten him gesot, dass et wéinst Gott wier, dass hien nach lieft.

Den Interview gouf e Sonndeg wärend dem Trump sengem Fluch op Milwaukee, wou e Méindeg den Optakt vum republikanesche Parteidag ass, gefouert. Wärend dem Gespréich hätt den Ex-President der Zeitung no en décke Verband iwwert dem rietsen Ouer gehat.

Op d'Foto, op där ze gesinn ass, ewéi hien nom Attentat Blutt am Gesiicht huet an d'Fauscht an d'Loft streckt, ugeschwat, sot den Trump, dass vill Leit him gesot hätten, dass et déi ikoneschst Foto ass, déi si jeemools gesinn hätten. Domat hätte si Recht. Weider huet et da vum Trump geheescht, dass hien net Mol gestuerwe wier. Normalerweis misst ee stierwen, fir dass et eng ikonesch Foto vun engem gëtt, ma hie wier nach um Liewen.

Den Ex-President sot och, dass hien no der Attack eigentlech mat senger Ried wollt virufueren. Ma d'Agente vum Geheimdéngscht hätte gesot, dass hien net sécher wier a misst an d'Spidol goen. Am Spidol hätt den Dokter him da gesot, dass hien nach ni e Mënsch gesinn hätt, dee mat engem "AR-Gewier" ugeschoss gouf an iwwerlieft hätt. Hien hätt vun engem Wonner geschwat.

Schliisslech huet den Donald Trump am Interview gesot, dass hien nom Attentat seng Ried, déi hien um Parteidag vun de Republikaner hale wäert, iwwerschafft huet. Ursprénglech hätt hie geplangt gehat, doriwwer ze schwätzen, wéi schlecht déi aktuell Regierung wier, ma elo wéilt hien eng Ried halen, déi d'Leit nees soll zesummebréngen. Hie wier sech awer net sécher, ob dat nach méiglech wier. D'Land wier déif gespléckt.