
Esou den eelste Fils vum fréieren US-President viru Geriicht, wou hien, säi Papp a säi Brudder Eric wéinst Bedruch ugeklot sinn. Deenen dräi gëtt virgeworf, iwwer Jore d’Verméigenswäerter vum Familljenimperium opgeblosen ze hunn, fir u besser Konditiounen ze kommen.
Op d’Fro vun der Procureur Colleen Fahterty, wien d’Familljenimperium geleet huet, nodeem de Papp an d’Wäisst Haus koum, sot den Donald Trump Junior, datt et eng Kombinatioun aus him, sengem Brudder Eric an dem Allen Weisselberg gewiescht wier. De Weisselberger sëtzt zanter 2022 wéinst Steierbedruch am Prisong.
Iwwer sozial Medien huet den alen Donald Trump de Riichter Arthur Engoron ugegraff. “Looss meng Kanner mat Rou, Engoron”, huet den Ex-President op Truth Social geschriwwen.