
Den Affekote vum fréieren US-President no soll den Trump sech d’Kautioun an Héicht vu ronn 454 Milliounen Dollar net leeschte kënnen, déi him wéinst Finanzbedruch operluecht gouf. Dat geet, wéi d’AFP schreift, aus engem Geriichtsdokument ervir, dat e Méindeg zu New York publizéiert gouf.
Domat riskéiert den Donald Trump, datt d’Justiz Deeler vu sengem Immobiliëbesëtz saiséiert. Esou eng Decisioun wier fir de Geschäftsmann net just e Coup fir seng Finanzen, mä och fir säin Image.
D’Affekote vum Donald Trump hunn zwar Appell géint d’Geldstrof ageluecht, ma hie muss trotzdeem eng Kautioun an Héicht vun der Geldstrof plus Zënsen hannerleeën. Den Delai dofir ass fir nächste Méindeg ugesat. Kann den Trump d’Zomm bis dohin net opbréngen, kann d’Procureure générale, d’Letitia James, eventuell schonn domat ufänken, Immobilië vum Donald Trump ze saiséieren.
D’Kautioun ass iwwerdeem och d’Konditioun dofir, datt d’Demande op Appell geriichtlech gepréift an d’Urteel bis zu enger Decisioun iwwer den Appell ausgesat gëtt. Den Affekoten no wier et awer eng “praktesch Onméiglechkeet”, datt de fréieren US-President déi Zomm opbrénge kann. Hie soll scho bei enger 30 Versécherungsagencen nogefrot hunn, déi awer keng Immobilien als Sécherheet akzeptéieren.
Schonn am Februar hat den Donald Trump proposéiert eng Kautioun vun nëmmen 100 Milliounen Dollar ze hannerleeën. Dës Demande gouf awer refuséiert.