
De Procureur général huet e Freiden onmëssverständlech kloer gemaach, zu wéi enger Conclusioun hien an der Affär Bommeleeër-Bis kënnt.
"Di Leit, déi mer hei sëtzen hunn, hunn näischt mat den Attentater ze dinn. Se hu just eppes gesinn, wou se mengen, se kéinten et net soen", huet hien a sengem Requisitoire direkt e puermol ënnerstrach. Hie géing sech awer net allze vill Hoffnung maachen, dass se dat haut géinge soen. Ëmmerhin hätte se dofir deels hir Posten opginn oder de Verlaf vun hirer Karriär beaflosst.
Bei alle véier Ugeklote géing et sech ëm héichintelligent Leit handelen, déi gutt an hirer Karriär geschafft hätten. An elo hätt een hei e Bild, wat guer net dozou géing passen. Duerch dat war se ausgesot hunn, hätt een elo e Bild, wéi wa se sech bei den Ermëttlungen an den 80er Jore wéi di lescht Ufänger ugeluecht hätten. Dobäi wier et, senger Meenung no, guer net esou wéi wann net geschafft gi wier. Och di Ugekloten hätte wëlle wëssen, wie fir d'Attentater responsabel war. Ma d'Pist, dass den Attentäter oder d'Attentäter aus den eegene Reie kéinte sinn, hätt wéi en Damoklesschwert iwwert hinne gehaangen. Et wier net gutt gewiescht, wann erauskomm wier, dass et esou gewiescht wier. Aus dësem Grond hätt een un de Justizautoritéite laanscht geschafft, sou de Procureur.
Dono ass de Procureur général jeeweils ob di 4 Ugekloten, Pierre Reuland, Aloyse Harpes, Guy Stebens an Armand Schockweiler eenzel agaangen. Den Aloyse Harpes, als fréiere Gendarmeriekommandant hätt ëmmer nees am Dossier vum Bommeleeër intervenéiert. "Hien ass deen, deen den Untersuchungsriichter einfach op Äis geluecht huet", sou de Reproche vum Procureur vis-a-vis vum haut 98 Joer ale Colonel. De Pierre Reuland wier als Chef vun der Brigade Mobil iwwer den Ermëttlungsstand informéiert gewiescht. Den deemolege Chef-Ermëttler Armand Schockweiler hätt och vill Informatioune gehat a sech vill abruecht. Dat selwecht géing fir de Guy Stebens, deemools Offizéier vum Déngscht, gëllen, deen op senger Positioun hätt missten e Minimum informéiert sinn.
Deene véier Ugeklote ginn eng respektiv zwou Falschaussoen am Bommeleeër-Prozess 2013/14 reprochéiert. "Mir schwätzen hei vu prinzipiell wichtege Froen an net vun Detailer. Dat vu Leit déi a Schlësselpositioune waren. A lo soen se, dass se sech net erënnere. Dat kann net sinn", huet de Procureur ënnerstrach.
Op Falschaussoen ënner Eed sti 5 bis 10 Joer Prisong. Fir de Procureur général géing hei en exzeptionell Gravitéit virleien. "De Fonctionnement vun der Justiz ass einfach nëmme sabotéiert ginn", sou de Vertrieder vum Parquet général och nach. Hie wier sech bewosst, dass d'Faite schonn iwwer 10 Joer zréckleien, an déi Beschëllegt och schonn an engem gewëssen Alter wieren. Mee den Delai eleng wier kee Grond ënnert eng Prisongsstrof vu 5 Joer ze goen. Di Ugeklote wieren a responsabele Positioune gewiescht, a géingen hiert Wëssen net präisginn. Dobäi kéinten hir Falschaussoe Repercussiounen op di zwee Ugekloten am Bommeleeër-Haaptprozess Marc Scheer a Jos Wilmes hunn.
Dofir fuerdert de Procureur général eng Prisongsstrof vun op d'mannst 5 Joer. Et kéint een iwwert e Sursis nodenken, mee et wier net un him deen z'argumentéieren. An éischter Instanz hat de Parquet 5 Joer Prisong fir de Pierre Reuland, dräi fir den Armand Schockweiler an zwee fir den Aloyse Harpes gefrot. Doriwwer eraus 18 Méint fir de Guy Stebens an de Guillaume Büchler.
Als Rappell: De Guillaume Büchler, de Marcel Weydert, den Aloyse Harpes, de Guy Stebens an den Armand Schockweiler waren an éischter Instanz fräigesprach ginn. Géint d'Urteeler géint de Marcel Weydert an de Guillaume Büchler war awer keen Appell gemaach ginn.
De Prozess geet den nächsten Dënschdeg Mëtteg weider.