
An der Strooss vun Hormus ass e Freideg e Cargoschëff ënner dem Fändel vu Panama attackéiert ginn. U Bord wier e Feier ausgebrach, deelt d'Marinn aus dem Oman mat. 25 Membere vun der Besatzung hu misse medezinesch versuergt ginn. D'Schëff war zum Zäitpunkt vun der Attack ronn dräi Kilometer virun der Küst vun der omanescher Provënz Musandam, vis-à-vis vum Iran.
Wien hannert der Attack stécht a wéi d'Schëff ugegraff gouf, ass aktuell net gewosst.