
Am Laf vum Freidegmoien ass e 50 Joer alen italieeneschen Alpinist an den Dolomitte vun enger Lawin matgerappt ginn. E Kolleeg, dee bei him war, huet d’Ongléck iwwerlieft.
Kuerz viru Mëtteg waren zu Val Maira am Piemont zwee Schifuerer an eng Lawin geroden. Op ronn 2.300 Meter iwwert dem Mieresspigel konnte se zwar vun anere Schifuerer befreit ginn, mee eng däitsch Fra sollt nach virun der Arrivée vum Rettungshelikopter un hire Blessure stierwen.
Géint 15 Auer ass, e puer Kilometer nërdlech zu Bobbio Pellice, no bei Turin, e Fransous vun enger Lawin matgerappt ginn. Nodeems iwwer GPS en Alarm ausgeléist gi war, ass en aner Fransous bei eng Hütt gefuer, fir den Tëschefall ze beschreiwen. Wéi d’Rettungsekippen op d’Plaz koumen, war den Ongléckleche scho gestuerwen.
E Porte-parole vun de Sekuriste sot, dass de ville Schnéi, dee ronderëm d’Feierdeeg gefall war, a Kombinatioun mat de méi doucen Temperaturen a méi staarkem Wand an den Deeg duerno, Lawinne favoriséiere kéint.