Réckbléck 2025D'Schlësselamenter aus dem No-Ost-Konflikt

Petz Bartz
De Geiseldrama am Noen Oste gouf dëst Joer op en Enn bruecht, mee de Krich tëscht Israel an der Hamas huet keng definitiv Léisung fonnt.
Réckbléck 2025: D'Schlësselamenter aus dem No-Ost-Konflikt
De Geiseldrama am Noen Oste gouf dëst Joer op en Enn bruecht, mee de Krich tëscht Israel an der Hamas huet keng definitiv Léisung fonnt.

Dat well weiderhinn all Dag Palästinenser am Konflikt stierwen, och wa reng theoretesch eng Wafferou gëllt. De Petz Bartz mat de Schlëssel-Amenter 2025 vum No-Ost-Konflikt.

Ugangs des Joers stinn d’Gazasträif an hir vun Israel zwangsevakuéiert Awunner nach virun der grousser Iwwerraschungsukënnegung vum Joer. Geplangt ass am Fong eng ethnesch Botz vun der Populatioun mam méi héije kommerziellen Zil, aus dem illegal besate palästinenseschen Territoire eng Vakanzendestinatioun ze maachen. Israel kënnt d’Immobilieberodung vun den USA do entgéint.

Ech wëll elo hei net op intelligent maachen, mee d’Riviera vum Noen Oste kéint esou prächteg ginn.
Donald Trump

Iwwerdeems tausche béid Krichsparteie weider Geiselen aus. Fir d’éischte Kéier a méi wéi 20 Joer huet Israel dann awer och am Februar Panzer an d’Westjordanland detachéiert. Den Ausléiser wier de Kampf géint arméiert Gruppen. International gëtt awer de Verdacht haart diskutéiert, dass Tel Aviv fir deen Territoire déi selwecht Pläng huet wéi an der Gazasträif an Israel a seng zionistesch Kolonialisten Usprëch hunn op en Israel “vum Floss bis un d’Mier”.

Bei Rafah an Ägypten ginn dréngend noutwenneg Hëllefsconvoie fir d’Zivilpopulatioun weider blockéiert. E puer Camione kommen heiansdo duerch, am Territoire leiden awer ronn zwou Millioune Leit weider Honger. International Journaliste gi weiderhi keng eragelooss an d’Gazasträif. D’Ëffentlechkeet ass och alt emol drop ugewisen, wat Iwwerwaachungskamerae filmen, fir dass Attacken dokumentéiert bleiwen.

Israel explizéiert, dass d’Milize vun der Hamas an Infrastrukture wéi Spideeler ënnert der Zivilpopulatioun verstoppt wieren an do Waffe géife bunkeren. Enn Juli goufen am Süde vun der Gazasträif 100 Camionen eragelooss. D’Awunner, déi drop gewaart hunn d’Hëllef verdeelt ze kréien, geroden ënner Beschoss. D’Attack ass dokumentéiert vu Mataarbechter vun der UNO.

Kee Mount drop geroden och Journalisten an d’Offensiv. Ee Kameramann, dee fir d’Noriichtenagence Reuters geschafft huet, an dräi vu senge Kolleege koumen dobäi ëm d’Liewen. Doriwwer eraus och Secouristen, déi beim Nasser-Spidol am Asaz waren. Méi wéi 240 Journalisten hunn hiren Asaz an der Gazasträif zanter dem Ufank vun der Offensiv am Oktober 2023 bis ewell mam Liewe bezuelt.

Mat enger Loftattack op Doha huet Israel Vertrieder vun der Hamas ëmbruecht, déi a Qatar waren, fir u Friddensverhandlungen deelzehuelen. Eng Zwee-Staate-Léisung géif zu Fridde féieren am Noen Osten, mee Israel refuséiert dat weiderhi vehement an deziméiert de palästinseschen Territoire stéckelchersweis.

Mir hu gesot, et géif kee palästinensesche Staat ginn a mir soen et nach eng Kéier.
Benjamin Netanjahu

Trotzdem ënnerschreift den Donald Trump dann awer zu Sharm el-Sheik an Ägypten den 13. Oktober en Ofkommes fir eng Wafferou. Et wor eng Image-Operatioun fir de Kommitee vum Friddensnobelpräis ze bedupsen, well scho ronn zwou Wochen drop, den 28. Oktober, kënnt den Uerder vum israeelesche Premier, dass de Krich weidergeet. Israeelesch Zaldote ginn am November zu Jenin am Westjordanland dobäi gefilmt, wéi se zwee net-arméiert Palästinenser erschéissen, déi sech erginn. De Friddensplang fir den Noen Oste wierkt ugeschloen nach ier theoretesch seng zweet Phas soll a Kraaft trieden.

D’Zukunft vum Noen Osten ass un d’USA geknäppt. Israel huet dëst Joer den Donald Trump fir de Friddensnobelpräis nominéiert. Den Netanjahu konnt den Trump mat där Ukënnegung bei engem Iessen am Juli am Wäissen Haus iwwerraschen. An d’Paltongszéien dréit Friichten an eng Hand wäscht déi aner. Bei engem Optrëtt vum Trump an der Knesset freet en ëm Gnod fir säi Kolleeg a senge sëllege Korruptiounsprozesser.

Ënnert dem Stréch war de Retour vun der MAGA-Clique an d’Wäisst Haus dëst Joer e Seege fir déi ultra-nationalistesch zionistesch Féierung vun der Koalitioun an Israel.

Back to Top
CIM LOGO