No engem dynamesche Start a seng zweet Amtszäit ass d’Zoustëmmung an der Bevëlkerung am Laf vum Joer däitlech zeréckgaangen. Wirtschaftlech Onsécherheeten, Handelskonflikter an eng haart Immigratiounspolitik hunn d’USA weider gespléckt. Den 20. Januar 2025 trëtt Donald Trump als 47. President vun den USA säin Amt un. Bei senger Inauguratioun am, an net ewéi soss virum Kapitol, versprécht hien en neien Ufank a schwätzt vu “gëllenen Zäite” fir d’USA. De Message ass kloer: d’USA sollen erëm kompromësslos hir eegen Interessen duerchsetzen. Direkt no senger Vereedegung mécht de President Tempo – mat enger Serie un Dekreeter, déi bannent kuerzer Zäit grouss strukturell Verännerungen ausléisen.
Besonnesch markant ass dobäi d’Roll vum Tech-Milliardär Elon Musk, dee fir eng kuerz Zäit als enke Vertraute gëllt. De Staatsapparat gëtt nei organiséiert, Budgete gekierzt, Dausende Staatsbeamte verléieren hir Aarbecht. De Stil vum President gëtt dobäi ëmmer méi konfrontativ - bannen - ewéi och baussepolitesch.
An der Aussepolitik bleift den Donald Trump senger “America-First"-Linn trei. Am Februar kënnt et am Wäissen Haus zu engem diplomateschen Eclat, wéi hien a säi Vizepresident den ukrainesche President viru lafende Kamerae schaarf kritiséieren. Dräi Méint méi spéit gesäit den Toun zwar méi versönlech aus, mee beim Krich an der Ukrain bleift d’US-Positioun onkloer a schwankt - e Facteur, deen och international fir Onrou suergt.
Onsécherheet entsteet och an der Wirtschaftspolitik. Héich Douanestaxen op Importer ginn annoncéiert, zeréckgezunn an nees agefouert. D’Boursse reagéieren nervös, Betriber bekloen héich Käschten an e Manktem u Planungssécherheet. Am Juni kënnt et dann zum Broch tëscht Trump a Musk – eng Trennung, déi symbolesch fir déi instabil Allianze vun dësem Joer steet.
Gläichzäiteg eskaléieren d’Spannungen am Land. A Kalifornien an an anere Stied ginn et grouss Demonstratioune géint d’Immigratiounspolitik vum President. Massiv Deportatiounen duerch d’Autoritéit ICE féieren zu Protester, deelweis och zu Gewalt. D’Awanderungsagence ICE gräift ouni Gnod duerch. Et gi souguer Razziaen a Crèchen an Altersheemer. Den Asaz vun der Nationalgard verschäerft d’Situatioun zousätzlech a léisst d’Land nach méi polariséiert zeréck.
Op internationalem Niveau setzt den Trump nees op spektakulär Aktiounen. Hie verléisst e G7-Sommet fréizäiteg, fir eng militäresch Operatioun géint iranesch Atom-Infrastrukturen ze preparéieren. Am August kënnt et zu engem historeschen Treffe mam russesche President Putin an Alaska. E Symbolbild, dat awer wéineg konkret Resultater bréngt, besonnesch fir d’Ukrain.
Trotzdeem geléngt dem President am Noen Osten e wichtege Schratt: eng temporär Wafferou an der Gazasträif an d’Fräiloossung vun israeelesche Geisele ginn international als diplomatesche Succès gefeiert. Bannent den USA bleift d’Stëmmung awer ugespaant. Inflatioun, e weidere Regierungsshutdown an de Virworf vum “duerchregéiere” loossen d’Zoustëmmung an den Ëmfroe falen – och bei republikanesche Wieler.
Zum Enn vum Joer dominéieren nees Kontroversen den Agenda: Pläng fir en neie Sall fir Baler am Wäissen Haus, Eskalatioun mat Venezuela an d’Publikatioun vun Deeler aus den Epstein-Dossieren halen de President an de Schlagzeilen. Vill Froen, besonnesch no der partieller Publikatioun vun den Dokumenter iwwert de Sexualstroftäter bleiwen onbeäntwert.
Wat bleift, ass den Androck vun engem éischte Joer voller Tempo, Konflikter a Kontraster. Den Donald Trump ass zeréck un der Spëtzt – an hält d’USA wéi och d’Welt weiderhin am Otem.